Mir brauchen dringend aer Ënnerstëtzung:
fir dat aer Sëcherheet och
weiderhinn ka garantéiert gi:
Mir siche dringend motivéiert Leit déi sech an hirer Fräizeit fräiwelleg dozou engagéieren, anere Leit an Nout ze hëllefen.
Sidd dir tëschent 16 a 50 Joer al?
Sidd dir bereet iech fräiwelleg an de Service ze stelle fir anere Leit ze hellefen?
Sidd dir bereet iech weiderzebilden?
Hutt dir een 1. Hëllefscours oder wëllt dir ee maache?
Wëllt dir dat Pompjeeën an aerer Gemeng bestoe bleiwe?
Dann ass et elo un der Zäit iech bei eis ze melle!
Am Gesetz vum 6. Mee 2010 steet dra, dat ee Pompjee no 2 Joer seng Grondausbildung an no 5 Joer ee Weiderbildungscours gemaach muss hunn. Doduerch ginn eis op de 6. Mee 2012 eng ganz Réih erfuere Leit verluer, anerer kënne nach bis de 6. Mee 2015 bléiwen. Eng ganz Partie Leit ereechen an deene nächste Joren hir 55 an musse dann a Pensioun goen asw…
Eisen Effektiv wäert doduerch nach weider erofgoe, an all dës Memberen mussen esou séier wéi méiglech ersat ginn.
Vu dat ëmmer méi Leit am Dag auswärts musse schaffe goen, ass am Dag elo schonns net méi garantéiert dat genuch Leit zur Verfügung stinn… also macht iech aer Gedanken!
Méi wiere frou iech an nächster Zäit an eise Reihe begréissen ze kënnen.
Molitor Eug., Chef de Corps:
53 ruede la Sûre
L 9161 INGELDORF
Tél: 80 20 53
Molitor Jos , Chef de Corps-adjoint
53a rue de la Sûre
L 9161 INGELDORF
Tél: 80 20 95
Weidert-Weis Viv., Chef de Corps-adjoint
116 porte des Ardennes
L 9145 ERPELDANGE
Tél: 81 07 16
Datummer fir eis nächst Übungen wou dir kënnt onverbindlech laanscht kucke komme:
(Pompjeesbau, rue du Berger, Ingeldorf)
Sonndes, 13. November 2011 ëm 9:30 Auer
Méindes, 28. November 2011 ëm 20:00 Auer
Sonndes, 11. Dezember 2011 ëm 9:30 Auer
Gepostet am 3. November 2011 unter Sonstiges.